AFNL Sport Media feiert säin 1. Gebuertsdag


Den 23. August 2019 huet AFNL Sport Media säin eegene Blog gegrënnt, op deem den Dag selwer deen éischten Artikel publizéiert gouf. Ee Joer méi spéit blécke mir op dat zréck, wat mir déi lescht 366 Deeg produzéiert, erlieft an erreecht hunn.

Reese, schreiwen, iwwerliesen, verbessere, filme, fotograféiere, Videoe schneiden, de Blog administréieren, an all eis Aktivitéiten op de soziale Netzwierker dokumentéieren: AFNL Sport Media ass et déi lescht 52 Wochen definitiv net langweileg ginn (ausser vläit e bësse wärend dem Confinement). Nodeems mir eis éischt Contenuen produzéiert hunn, ass eis zimmlech séier kloer ginn, dass eis just nach eng passend Plattform feelt, op där mir alles publizéiere kënnen. Aus deem Grond hu mir eis entscheed, een eegene Blog ze grënnen. No engem Bléck op d'Statistiken 1 Joer méi spéit, kënne mir effektiv feststellen, dass dëst eng gutt Entscheedung war. Hei ee klenge Résumé vun den Aktivitéiten um Blog säit dem 23. August 2019.

AFNL Sport Media huet bis elo 36 mol Contenuen a Form vun Artikelen an/oder Videoen kreéiert an um Blog publizéiert. Dovunner sinn der:
- 17 iwwert de Motorsport
- 13 iwwert de Fussball / Futsal
- 3 iwwert de Basket
- 2 iwwert de Cyclissem
- 1 iwwert de Volleyball

Niewebäi hu mir nach 20 Fotogalerien publizéiert, déi, souwäit et méiglech war, an eis Artikelen mat integréiert goufen. Dovunner sinn der:
- 9 iwwert de Fussball / Futsal
- 5 iwwert de Motorsport
- 5 iwwert de Basket
- 1 iwwert de Volleyball



Eise Blog gouf säit senger Grënnung insgesamt 12.504 mol ugeklickt. Zu deene beléiftste Contenuen zielen:
- Une pluie de but sous un soleil de plomb mat 1.394 Vuen
- Presentatioun vum FC Marisca Miersch Saison 2020/21 mat 1.114 Vuen
- Présentation du FC Wiltz 71 Saison 2020/21 mat 910 Vuen

Eise Blog ass virun allem am Grand-Duché beléift, mee jee nodeem, wouriwwer mir schreiwen, kréie mir och eng Rei Vuen aus dem Ausland. Vun alle Klicks kommen der:
- 63% aus Lëtzebuerg
- 15% aus der Belsch
- 8% aus Frankräich
- 4% aus den USA
- 4% aus Däitschland
Duerno kommen d'Vereinigte Arabische Emirate (mir hunn och keng Anung firwat), Portugal, Polen, Bosnien an Holland mat jeeweils manner wéi 1%.

Sou, genuch Statistik fir de Moment. Innerhalb vun deene leschten 12 Méint hu mir natierlech och eng Rei Saachen erlieft. Een Highlight ware virun allem déi Sporteventer, fir déi mir ausserhalb vum Grand-Duché gereest sinn fir ee Reportage ze maachen. Ob géint de stréimende Reen a stiermesche Wand wärend 15km mam Velo bis op de Circuit vu Venray ze fueren (dat war wierklech net witzeg, wann ee keng waasserdicht Schong unhat), oder matten an der Nuecht an de Schwäizer Alpen ënnerwee ze sinn: D'Reesen hu sech trotz allen Ustrengunge gelount, soudass mir vun eisem Openthalt souwuel an Holland, wéi och an der Schwäiz déi wonnerschéi Landschaften an de formidabelen Accueil am Kapp behale wäerten.


Säit der Covid-Kris ass et mam Reesen bedauerlecherweis e bësse méi komplizéiert ginn, an un déi nei Situatioun misst och AFNL Sport Media sech upassen. Nodeems mir am Juli e puer Presentatiounsvideoen fir Fussballsekippe gemaach hunn, limitéiere mir eis momentan op ee gréisseren Artikel pro Woch, an deem mir op d'Aktualitéit am Lëtzebuerger Motorsport aginn. Wéi et weidergeet, wann d'Uni bis ugefaangen huet, ass schwéier ze soen, well et nach e puer Wochen bis dohinner dauere wäert.

Éier mir dësen Artikel ofschléisse, wéilte mir gäre jidderengem, deen eis bis elo bei eiser Aarbecht ënnerstëtzt huet, ee grousse MERCI soen. Dëst gëllt souwuel fir eis Abonnenten, déi eis Contenuen reegelméisseg op de soziale Netzwierker liken an deelen, wéi och eise Partneren a Sponsoren, mat deene mir zësummeschaffen. Zu deenen zielen Your Solution, deene mir beispillsweis eis schéi Pulloveren verdanken, mee och den .dok, dank deem eis Videoreportagen et och an de Fernseh gepackt hunn.

An dësem Sënn: Happy Birthday, AFNL Sport Media! 🎉


Commentaires

Posts les plus consultés de ce blog

Alliance Äischdall – FC Kehlen : Un derby comme on les aime (+ VIDEO)

À la découverte du padel (Reportage vidéo)

Ehlerange avait les occasions, Gomes a mis les buts (+ VIDEO)